“En europäescht Partnerland gëtt widdert Mauer gedréckt a kritt d’Wiel zwësche Pescht a Cholera, dem Grexit oder der Fortsetzung vun der aler Politik.”

D’weidert Zoudréine vun der Liewensoder vun der griichescher Wirtschaft mam Entzuch vun der Währung a Bankeschléissungen als direkt Konsequenz sinn e Symbol vun der Hëlleflosegkeet vun enger nationaler Politik.

D’Creancieren  hunn als eenzegt Ziel, d’Wirtschaft a virun allem déi griichesch Regierung ze vernichten an d’Interessi vun de Finanzmäert ze schützen, déi soumat weiderhi gutt un dëse Scholde verdénge kennen.

De virgeschloenen drëtte Rettungspak gëtt vu villen als win-win Léisung bezeechent, woubäi et a Wierklechkeet eng Entscheedung tëscht Pescht a  Kollera duerstellt, dem Grexit oder der Fortsetzung vun der aler Politik.

Amplaz Mesurë virzegesi wéi e weidere Scholdeschnëtt, Investitiounen oder méi eng gerecht Steierlaascht, wéi vu ville renoméierten Economiste säit  Laangem gefuerdert, gëtt Griicheland ëmmer weider an d’Rezessioun gedriwwen an d’humanitär Katastrof gëtt verschäerft.

Duerch déi nei Oplage gëtt Griicheland zu engem Bréisseler Protektorat degradéiert an all demokratesch Souveränitéit ausser Kraaft gesat, wat eng Néierlag fir déi europäesch Solidaritéit duerstellt.

 

Dem Serge Urbany séng Ried

Ech verstin d’Tentatioun fir elo den Erfollech vun der Realpolitik zu Bréissel ze feieren.

Ech wëll do virdru warnen.

Hei sin an engem historesch kuerzen Zäitraum 2 Realitéiten obenee gestouss.

Um nationale Niveau huet e Vollék sech zweemol kloer – am Januar bei Wahlen an am Juli bei engem Referendum – géint d’Fortsetzung vun enger Austeritéitspolitik ausgesprach déi si aus direkter Erfahrung erlieft huet.

D’Regirung Tsipras ass net gebrach un interne gesellschaftléche Blocagen – si hat de politesche Mandat, hire Programm duerchzezéien. A si hat och de Wëllen déifgräifend Strukturreformen géint d’Oligarchie a fir en effikassen an transparente Staat duerchzezéien.

Si ass net gescheitert u mangelndem Realitéitssënn, éischter schon u mangelndem Sënn fir dat wat méiglech ass an engem neoliberale Kader deen soziale Fortschrëtt haut onméiglech mécht.

Si ass gescheitert net wéinst Mangel un Argumenter, mee well hir d’Liewensoder vun all Ekonomie, d’Geld, vu Bréissel aus zugedréckt gin ass.

Dass den Euro net nëmmen eng Währung ass, mee eng besonnesch Politik déi op der Austeritéit berout, dat ass de Géigner vun den europäischen Traiteën scho laang bekannt.

Dass den Austrëtt vun engem Land aus der gemeinsamer Währung méiglech wir, net op juristeschem Wee, mee duerch einfachen Entzuch vun der Währung – dat steet allerdings net an den Traiteën.

D’Bankeschléissungen als Drockmëttel waren, a sin haut nach, de Symbol vun der Hëlleflosegkeet vun enger nationaler Demokratie.

De Wirtschaftsnobelpräiss Paul Krugman huet och nach folgendes beliicht:

“In den vergangenen Wochen haben wir gelernt, dass Mitglied der Eurozone zu sein bedeutet, dass die Gläubiger Deine Wirtschaft vernichten können, wenn Du aus der Reihe tanzt.”

Et soll een sech näischt virmaachen. Haut ass d’Fro vun der Zukunft vum Integratiounsprozess an der europäischer Unioun mat neier Däitlechkeet gestallt.

En europäescht Partnerland gëtt widdert Mauer gedréckt a kritt d’Wiel zwësche Pescht a Cholera, dem Grexit oder der Fortsetzung vun der aler Politik. Well dat ass jo déi eigentléch Tragik: Esou wéi déi al Oplagen sin och déi nei Oplagen géint all Wirtschaftstheorie.

Et muss ee net Krugmann heeschen, fir ze wëssen, datt d’Land op deem dote Wee net op d’Bee kënnt, mä nach weider an d‘Rezessioun gedriwwe gëtt, mat deër humanitärer Katastrof déi elo schon all Dag op de Stroossen ze gesin ass.

Ausser enger vague Zouso steet näischt präzises iwwer Scholderestrukturéirung dran, just en Hiwäis op eng ähnlech Zouso déi schon 2012 gemeet a net gehale gouf. An dat och wéinst der innenpolitescher Situatioun virun allem an Däitschland.

Am Mëttelpunkt vun engem Accord dee wierklech am europäische Geescht wir, hätten elo scho missten e Scholdeschnëtt a wichteg Reformen a Saachen Administratioun, Justiz, Korruptioun a Steierflucht stoen, grat esou wéi Investitiounsprogrammer vun de Partner a Steiergerechtigkeet. A net d’Interesse vun de Finanzmäert déi un de Scholden verdingen.

Esou awer get e Land fir onbegrenzten Zäit zu engem Bréissler Protektorat. All demokratesch Souveränitéit gëtt ausser Kraaft gesat. Souveränitéit ass awer de Motor vun der Demokratie an de Länner.

Keng griichesch Regierung an och keng Troika kritt déi Oplage géint d’Bevëlkerung duerchgesat.

Beim Versailler Vertrag sin den Däitsche Konditiounen operluecht gin, un deenen d’Weimarer Republik zerbrach ass – mat de Konsequenzen déi mer kennen.

Mer brauchen haut an Europa eng aner Sort vu Politik a Richtung wierklech Demokratie a konkret sozial Gerechtigkeet, och hei zu Lëtzebuerg.

Well déi dote Sorte vu Politik werten d’Leit sech net méi laang gefale loossen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe