Gottseidank sin d'Sozialisten an der Regirung ...
Gottseidank sin d'Sozialisten an der Regirung, well soss wier vläicht een op d'Iddi komm den Index ze manipuléiren, huet den David Wagner, Mêmber vum Koordinatiounsbüro um Pot du Nouvel An vun déi Lénk ironesch gemengt a behapt, dee richtege Vote utile wier deen deen d'Sozialisten aus hierem neoliberale Schlummer giff geheien.
Auszuch aus senger Ried:
"Mee brauche mer iwerhapt Pluralismus, zemols op der Lénker?
Gett et souwisou net schon eng Partei, d’LSAP, déi all aner lénk Alternativ iwwerflëssech mécht? As et net méi nëtzlech LSAP ze wielen?
Et muss een sech virstellen wéi Letzebuerg géif ausgesin ouni LSAP an der Regierung.
Gottseidank sin d’Sozialisten an der Regierung, well soss hätte mer lo nach ëmmer onbezuelbar Wunnéngen.
Gottseidank sin d’Sozialisten an der Regierung, well soss wier vläit een op d’Iddi komm den Index ze manipuléieren an dat wier esouguer duerchkomm.
Gottseidank sin d’Sozialisten an der Regierung well soss hätte mer nach ëmmer keng Trennung vu Kiirch a Staat.
Gottseidank sin d’Sozialisten an der Regierung well soss wier vläit en Deel vun der Eisenbunn, den Frachttransport, libéraliséiert gin.
Gottseidank sin d’Sozialisten an der Regierung, well soss wier vläit e Gesetzeprojet déposéiert gin, deen Jugendlecher fir 80% vum Mindestloun wéilt schaffen din.
Et muss net einfach sin als Sozialist an der Juncker-Regirung an Dag an Nuecht fir d’Rechter vum Salariat sech anzesetzen oder Libéraliséierungen mat Erfolleg ze bekämpfen.
Neen, wann et en Vote utile gett, dann as et deen deen d’Sozialisten aus hirem neoliberalen Schlummer erwächt, dann as et deen, deen eng netzlech an authentesch Lénk d’Méiglechkeet gett sech nach méi Gehéier z’erschafen.
Et géif jo nach méi hëllefen, wann déi Kräfte lénks vun der LSAP an den Gréngen zesummeschaffe géifen. An dësen Zäiten däerf een net vergiessen ween den eigentlechen Feind as: dat as d’Droite a munchmol déi, déi et der Droite méiglech maachen den Toun unzegin.
Mee iwwerall an Europa kënnt et zu Klarifikatiounsprozesser. Déi Lénk as net fir näischt Member vun der Europäischer Lénkspartei, e breed europäescht Bündness wat méi wéi eng lénk Nuance an Tendenz vereenegt.
Et as net fir näischt datt an Däitschland déijéinech bis elo Erfolleg hun, déi sech breed zesummegedin hun fir géint Neoliberalismus an Mainstream ze goen. Et as och vläit keen Zoufall, wann se sech “die Linke” gedeeft hun.
Iwwerall an Europa as et vun gréisserer Wichtegkeet grouss a breed Resistenzplattformen opzebauen. Dat as wuel net einfach, net nëmmen zu Lëtzebuerg. Mee et as méiglech.
Dofir muss een awer kapabel sin, iwwert säin eegenen Schied ze sprangen a net direkt am anescht Denkenden e verkappte Verréider gesin. Et muss engem kloer sin dat déi aktuell Period an däer mir liewen, eng vun enger ëmmer méi wuessender Offensiv géint demokratesch a sozial Errungenschaften ass. Deem muss een de Bass halen. Zersplittert ass dat awer net esou einfach."
Prochains évènements
-
Roter Freitag; Frauenarbeit und gewerkschaftliches Engagement in Luxemburg vor 1940
Plus d'informations