"Dëse Kongress muss déi Lénk op d'Schinn vun der politescher Offensiv setzen!"
Vrun e puer Deeg huet deen däitsche Bundespresident Koehler déi erstaunlech Ausso gemaach, et misst een elo analyséieren, wat d'Grënn vun der Wirtschaftskris sin. Et ass him héich unzerechnen, datt hien elo schon op d'Iddi kënnt, sech déi Fro ze stellen. Anerer hu scho Rettungspläng a Konjunkturpläng a Milliardenhéicht décidéiert (200 Milliarden zu Bréissel), anscheinend ouni sech d'Fro gestallt ze hun, wat d'Grënn vun der Rezessioun sin. Dat ka jo eppes gin !
No 25 Joer Neoliberalismus, Emverdeelung vun ënne no uewen, defensiver Haltung vum Salariat woar den Undeel vun de Léin um Wirtschaftswuesstum international ëmmer méi zréckgaangen. Et gouf oft keen Ulass z'investéieren, fir méi a besser ze produzéieren, wann op der anerer Säit d'Kafkraft net esou gestiigen ass fir déi méi a besser Wueren ofzesetzen. Esou huet dat iwwerschëssegt Kapital ugefaang ze wanderen, an d'Internetbloos, an d'Bloos vun de Matières premières, vun de Grondliewensmëttel, vun de "produits dérivés", vun de produits dérivés véreux an du bémool ass di grouss Bloos endgülteg geplatzt. D'Bourse zerstéiert elo all Dag Milliarden u Kapital.
Wann elo haut Relancepläng opgestallt gin, déi drop ausgeriicht sin, d'Betrieber ze refinanzéieren, da riskéiert no enger gewësser Zäit dat selwecht sech nach eng Kéier ze reproduzéieren. "Les mêmes causes produisent les mêmes effets."
Et ass also och fir d'Salariat, an déi politesch Kräften, déi et vertrieden, wéi déi Lénk, vu gréisster Bedeitung ze wëssen, wat d'Grënn vun der Kriis sin fir d'Fuederungen opzestellen, fir géint si firzegoen. Mär soen: Et muss een d'Kafkraaft stärken, vrun allem dene méi Mëttele gin, déi domat sécherlech net boursicotéiere gin, an d'muss een Usporner fir d'Wirtschaft gin, déi entweder wichteg Mängel behiewen (zu Lëtzebuerg ass et wuel de Wunningsbau) an déi an eng nei Zukunft weisen (nei Technologien fir Energiegewënnung ouni d'Buedemschätz auszereiberen, déi no 120 Joer endlech den Otto-Explosiounsmotor ersetzen), öffentlechen Transport, Bildung, Forschung asw.
Déi lëscht Deeg gouf zu Bréissel um Sommet beschloss, all d'Staate vun Europa sollen ongeféier 1,5% vun hierem BIP fir d'Krisbekämpfung opbréngen. Et ass awer net kloer an iwwerhaapt keng Enegung do, mat wéi enger Method dat geschitt, well si hu jo keng Erklärung vun de Grënn vun der Kris, héchstens eng Erklärung vum Ausléiser, der Subprimekris an den USA. Et gin - wéi gesot - 200 Milliarden Euro als Krisebekämpfungsmëttelen agesaat. Dovu sin awer 170 Milliarden einfach den Total wat déi eenzel Länner fir sech an onkoordinéiert beschléissen. Déi Däitsch si skeptesch (CDU-CSU an SPD si géint eng keyesianesch Politik). De franséische Rechtspolitiker Bayrou huet vum franséische Rettungsplang folgendes gesot: « Quand j'analyse le plan, je ne vois que 4 milliards d'euros d'investissements publics véritablement nouveaux. Quatre milliards, c'est à peine 0,25% du PIB français. ». Domat kritt ee keng Relance, ëmsou méi wéi de Volet vun der Erhéijung vun der Kaafkraaft am Sarkozy séngem Plang ënnerentwéckelt ass. Säi Rezept si jo d'Iwwerstonnen pour gagner plus... Iwwerstonnen a Sondesoarbecht an der Kris, do feelen engem d'Wierder.
Zu Bréissel huet sech gewisen, dass d'Europäesch Union schlicht an ergräifend inkapabel ass eng kontinental Reguléierung erbäizeféieren. Erënnere mer eis drun, dass d'Ideologie bis an de Lissabonner Konstitutiounsvertrag eran, jo déi vun der Dereguléierung a vum Verbuet vun der Reguléierung ass.
D'Rekapitaliséierung vun de Betrieber als Linn, dat kann op eng riiseg Fappe erauslafen: do gi Lächer gestoppt zur Freed vun den Aktionären. Si stierze sech elo op d'Subventionnéierung aus öffentleche Gelder, awer d'Décisounsprozesser bleiwe privat. Joerzéngtelaang hun déi Politiker alles op de Mart an op d'fräi Decisioune vun de Konzerner gesaat an op d'Befreiung vun de Steieren um Kapital. Si si net bereet, vun deër Linn erofzegoen.
Déi Approche d'Kaafkraaft ze stärken a sozial an technologesch nëtzlech Investitiounen ze maachen, fir déi mär antrieden, ass net geduecht fir de Kapitalismus ze retten, mais fir elo emol eng riiseg Ausweitung vun der Aarbechtslosegkeet an eng Situatioun vu kompletter sozialer Dekompositioun ze verhënneren. Si soll et awer och erlaben, duerch d'Propagatioun vun däitlechen, offensive Fuederungen, dass d'Salariat aus deër reng defensiver Haltung erauskënnt. Eis Positioun soll awer och opweisen, dass d'Kris muss bewirken dass d'Ruder an der Politik muss erëmgerappt gin an déi grouss Erausfuederunge fir d'Menschheet mussen ugepakt gin: nei Technologien an der Energiproduktioun, Klimaschutz, eng egalitär Entwécklung an deene verschiddenen Deeler vun der Welt, eng Weltuerdnung, déi vun de Bedürfnisser vun de Mënschen an hirer Emwelt ausgeet a net vun de Méiglechkeete vun de Märt.
An deene nächste Méint wärten trotzdem Millioune Leit an der kapitalistescher Welt hir Oarbecht verléieren an dausenden zu Lëtzebuerg. Wivill der an den oarme Länner nach méi an de Misère gestierzt gin, ass nach guer net auszemaachen. De Misère ass awer kee gudde Beroder fir gesellschaftlech Alternativen unzestriewen. Et kann zu Demoraliséierung féieren, zu irrationalen Iwwerléungen, zur Empfänglechkeet fir rechtsextrem Parolen. Dat muss awer guer net sin. De biergerlechen System huet immens u Kredibilitéit verluer. Kaum ee gleewt nach drun dass d'Welt, Europa oder eis Länner wéi eng Privatfirma solle geféiert gin. Déi unhaalend Revolt vun der griechescher Jugend géint de Regime vum Karamanlis, déi eng ganz breet Assise an der griechescher Gesellschaft huet (och wa verschidden Aktiounsformen zu Athen net esou beléift sin), kann drop hindeiten, dass d'kapitalistescht Europa elo op sénge schwächste Glidder ufängt ze bréckelen. Mais och a Griechenland stellt sech wéi bei eis d'Fro vun der gesellschaftlecher Alternativ.
D'sozial Fro wärt mat Sécherheet an de nächste Méint nach ëmmer méi an de Vierdergronn réckelen. Déi ufänglech héichgespillten gudd Nouten fir d'Krisebewältegung vu Juncker, Frieden, Krecké a Co wëlle näischt héschen, well et geet erréischt u mat der Kris.
Un eis ass et elo an d'politesch Offensiv ze goen. Radikal Mossnahmen fir d'Kaafkraft vun dene sozial Schwachen ze stärken duerch d'Erhéijung vum Mindestloun, d'Rëmaféeierung vum ganzen Indexmechanismus, massiv öffentlech Wunningsbauprogrammer, déi d'Wunnen erëm bezuelbar maachen an déi lokal Wirtschaft oppäppele sollen, dat sin déi ganz konkret Fuerdungen.
Mir därfen awer och net vergiessen, de Verloscht u Kredibilitéit, déi de Kapitalismus de Moment erliewt, ze thematiséieren an ëmmer erëm ze soen, dass mir fir en drëtte Wee zwësche Kapitalismus a bürokratesch-zentraliséierter Planwirtschaft sin. Fir e Gesellschaftssystem dat d'Bedürfnisser vun der Menschheet als iewescht Ziel huet, e Liewen am Aklang mat der Natur, de Prinzip vun der Gläichheet vun de Mënschen aus dene verschiddenen Deeler vun der Welt, vun der Gläicheet vun de Geschlechter. Et muss och vill méi an eist Bewosstsein iwwergoen, dass 20 Joer nom Mauerfall, nom Triumpf vum alléng iwwregbliwwenen eenzege biergerleche Regime, a Lateinamerika d'Klakken erëm ganz aanescht mat lauden ugefaang hun, a mär mussen eisem Internationalismus, dee jo ni a Fro gestallt war, rem dat Gewiicht gin, wat him zoukënnt. Dozou gehéiert och de Réckzuch vun de Lëtzebuergeschen Zaldoten aus den imperialistesche Krichsgebitter, wou se zwar nëmme grad esou zahlreich sin, wéi déi parlementaresch Delegatiounen, déi hinne Kuchemännercher droe gin.
Dëse Kongress muss déi Lénk op d'Schinn vun der politescher Offensiv setzen. Elo heescht et all eis Kräften, déi nach an enger ofwärdender Haltung sin, well an dene lëschte Joeren de Wand eis zevill an d'Gesiicht geblosen huet, ze mobiliséieren an eis rout Seegelen resolut an de Wand ze hänken.
(Ried vum Frank Jost op dem 6. uerdentléche Kongress, Esch/Alzette, 14.12.2008)
Prochains évènements
-
Roter Freitag; Frauenarbeit und gewerkschaftliches Engagement in Luxemburg vor 1940
Plus d'informations