De Klimaschutz muss ausgebaut, eng Energiewend an d'Wee geleet gin ...

06/03/2009

De Klimaschutz ass am Wahlkampf ze kuerz komm. Sou déi Lénk, déi vrun de Gefore vun enger Privatiséierung vun de Gas- a Stroum-Netzer zu Lëtzebuerg warnen.

Si reagéieren domatt ënner anerem op ee Communiqué vum Schëfferot vun der Staat Lëtzebuerg de leschten Donneschdeg: An deem Schreiwes hat d'Staat Lëtzebuerg ee Bäitrëtt an déi nei Energie-Gesellschaft Enovos-Creos net ausgeschloss. Dat wier dee falsche Wee, soen Déi Lénk - an hu sech Hëllef aus dem Ausland geholl, fir hir Argumentatioun ze stäipen.

Den Hans-Kurt Hill ass am Bundestag den energiepolitesche Spriecher vun Die Linke an ass op Lëtzebuerg komm, fir vun de Suiten vun der Liberaliséierung vum Stroum- a Gasmaart an Däitschland ze schwätzen. Duerch d'Liberaliséierung wier de Contraire vun deem geschitt, wat gewollt war.

Dacks géif juste nach eng Firma um Maart iwwreg bleiwen - an déi huet da fräi Hand, wat d'Präisser ugeet.

Ëmmer méi Leit hätten zanterhier Problemer, sech d'Energie iwwerhaapt leeschten ze kënnen - sou den Hans-Kurt Hill. Och zu Lëtzebuerg géif de Staat mat der Schaafung vun Enovos-Creos d'Energie aus der Hand ginn - vu dat hien juste nach 39 Prozent vun de Partsen vun der Gesellschaft huet, sou de Frank Jost vun Déi Lénk.

An Däitschland géife vill Stiedt wéi zum Beispill Berlin elo probéieren de Marché nees ze rekommunaliséiren - seet den Hans-Kurt Hill - a Lëtzebuerg kéint sech déi Entwécklung erspueren, wann dee Secteur guer net eréischt privatiséiert géif.


Bericht vum Frank Jost an der Goosch.lu Nr. 229 vum 4.6.2009:  Strom- und Gasnetze gehören in die öffentliche Hand
Artikel vom Henri Wehenkel an der Goosch.lu Nr. 229 vum 4.6.2009: Totaler Ausverkauf der Energieversorgung
Artikel vum Frank Jost an der Goosch.lu Nr. 229 vum 4.6.2009: Photovoltaik kann die Haushalte einer ganzen Stadt versorgen

Internet-Site vum Hans-Kurt Hill

 
 
GOOSCH.LU
 
 

Agenda

L M M J V S D
 
 
1
 
2
 
3
 
4
 
5
 
6
 
7
 
8
 
9
 
10
 
11
 
12
 
13
 
14
 
15
 
16
 
17
 
18
 
19
 
20
 
21
 
22
 
23
 
24
 
25
 
26
 
27
 
28
 
29
 
30
 
 
 
 
 

 
 
Werden Sie Mitglied!